Wéi eng Installatioun ass dëst op ARBED-Belval - 2003 ? Geléist!

More
1 year 6 months ago #893 by Mich90
Villmools Merci fir déi Erklärung!

E schéinen Dag,

Misch

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 6 months ago - 1 year 6 months ago #892 by clauhe
Laut Erënnerung vu mengem Papp sinn dat do Fakelen.
Am Héichuewen entsteet Gas, deen da mat  grousse Réier weidertransportéiert gëtt . Een een Deel ass op Déifferdeng gaangen wou en do am Héichdrock- an am Nidderdrockkessel verbrannt ginn ass. Hei gouf Waasserdamp gemaach fir eng Stroumturbin rsp. gouf an d'Heizungen (Fernwärme) agespeist.
War elo ze vill Gas do, wéinst Aarbechten oder Pann da gouf deen iwwerschëssegen Gas mat hëllef vun dëse Fackele verbrannt.

mbG
Claude
The following user(s) said Thank You: Mich90

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 6 months ago #891 by Mich90
Ech sinn elo grad hei op folgend Biller gestouss:


Wat ass dëst fir eng Installatioun op ARBED-Belval - 2003?

Ech freee mëch iwwert all Äntwert!

Villmools Merci am viraus!


E schéinen Dag,

Misch

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login