Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?

More
4 weeks 2 days ago - 3 weeks 13 hours ago #907 by jmo

D'Raumopdeelung am Gebai zu Esch op 121 rue de l'Alzette hautzudaags stëmmt jiddefalls gréisstendeels  mat de Fotoen aus den 1930er Joren iwwereneen (och wann dës Raumopdeelung an aneren Haiser kinnt d'selwecht sinn...). De Raum gouf just méi grouss gemaach, well de Gank an déi 2. Entréesdier gouf an de Raum integréiert, duerfir ass elo e.a. d'Plaz wou de Comptoir stoung elo méi déif. (Photo montage: industrie.lu) 

All wei der Info / Foto w.e.g. un Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein! oder tél: +(352) 621 648 343

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 months 1 day ago - 3 months 1 day ago #894 by admin
Hei eng Info vum Brauerei-Spezialist Yves:

BATTIN : Dat as emol secher de Minette, wou genau weess ech ewer och nitt.  A Battin steet fir de marchand de vin et liqueurs an nitt fir d' Brauerei Battin .

Vum Look hier missten et 1920er Joere sinn, vlächt nach esou just Ufank 1930er, dat giff och bei d'Zaapanlag passen ... also schätzen ech d'Fotoen op 1926-1931

Villmools Merci!


Zäitlech ging dat jo mol bei den Paris-Palace, Esch passen

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 months 1 week ago - 1 month 1 hour ago #890 by admin
Et kennt sech hei de leschte Proposen och ëm de PARIS-PALACE zu Esch (~1929 - 1935) an der Uelzechtstrooss N° 121 handelen. Allerdings steet da "Battin" um Kalenner net fir d'Brauerei Battin vun Esch (well déi gouf erréischt 1937 gegrënnt).  Et gouf och nach ee Paris-Palace an der Stad op der Paräiserplaz ), mais well de Fotograf Fey frères vun Esch ass, huele mer un dat d'Fotoen zu Esch gemaach goufen:

 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 months 1 week ago - 3 months 1 week ago #888 by admin
Gudden Moien,
Hei ass meng Iwwerleeung zu dem Café vun Esch:


An der Fënster do stinn e puer Buschtawen déi een och mat Hëllef vun deem Spigel un der Mauer kann erkennen.

Buschtawe " PAS"  sinn hei ze erkennen a missten da jo an deem Numm dra sinn.

Mat e besëssen Fantasie kéinnt een do liesen "Café-Restaurant  - Dancing  - , an ënnendrënner kéint den Numm vum Besëtzer oder den Numm vum Café stoen.



Mee wou dat zu Esch war, weess ech net,.. leider. )-:

mbG,

Claude Hermes

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 months 2 weeks ago - 3 months 2 weeks ago #887 by jmo
Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?



Un der Mauer hängt ee  Battin - Kalenner...

D'Fotoen missten tëscht  1937  an  1948 sinn, well  op enger Foto gesäit een ee   Battin - Kalenner ( Battin gëtt et eréischt zënter 1937, ech weess och net ob se déi éischt Joren Kalenneren drécke gelooss hunn), et goufen déi éischt 10 Joer wahrscheinlech och net esouvill   Battin -Caféen;       an d' Fey Frères, photographes, Esch/Alzette woaren 1949 zu Mondorf. Wéini se tëscht 1944 an 1948 vun  Esch op Mondorf geplënnert sinn, hunn ech nach net erausfonnt.

Hei si weider Fotoen (Vergréisserungen): Wéi ee Café - Restaurant - Dancing ass dëst zu Esch/Alzette?


Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.119 seconds
Go to top