Neit Buch: Metzeschmelz vum Claude Meyers

More
1 day 9 hours ago - 1 day 9 hours ago #928 by admin
Léif Industrie-, Foto-, Geschichts- a Bicherfrënn,

Ufank November 2024  kënnt mäi Buch iwwert d' Metzeschmelz eraus. Hei de Cover:


D’Metzeschmelz, ass vläicht besser bekannt ënnert dem Numm "ARBED Esch-Schëffleng "

Déi éischt Schmelz, déi just dofir gebaut ginn ass fir Minett ze verschaffen.
Hier Aarbechter haten sech 1942 getraut sech dem Generalstreik unzeschléissen.
Op 240 Säiten huelen ech Iech mat op en Ausflug duerch dës Schmelz.
Dir fannt historesch a nei Fotoen (2019-2024), mat informativen Texter zu de Biller
an Artikelen iwwer d’Geschicht vum Eisen zu Lëtzebuerg. Natierlech kompakt geschriwwen,
fir Loscht op méi ze maachen an ouni sech an Detailer ze verléieren.

D’Buch kascht 55€.

Weider Detailer:
  • Hardcover, Format 320 x 230 cm
  • Text op däitsch, Beschreiwung vun de Biller op däitsch a franséisch
  • gedréckt zu Lëtzebuerg
  • Ze fannen bei der Librairie Ernster (an och op hirem Stand vun de Walfer Bicherdeeg vum 16. a 17.11.2024)  oder bei der Librairie Diderich zu Esch.

Hei e puer Säiten aus mengem Buch:


Sidd gespaant!

Claude Meyers

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Time to create page: 0.076 seconds
Go to top