Our office in Esch/Alzette - 5.1920

More
1 year 5 months ago - 1 year 5 months ago #906 by clauhe
Replied by clauhe on topic Our office in Esch/Alzette - 5.1920
Gudde Metteg
Op der Internetsäit vum Lycée des Garçons Esch lge.lu/le-lycee/historique/ do ass an der Rubrik " Le Lycée, Historique" eng Foto wou dest hei gefrotent Gebei ze gesinn ass.

Et gesäit een hei ganz gudd dass et nierwend dem Lycée stung an net an der rue Emile Mayrisch. Huet dat Gebei och zum Lycée gehéiert ?
mbG
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 5 months ago #905 by UP3985
Replied by UP3985 on topic Our office in Esch/Alzette - 5.1920
Moien,
Stoung dat Gebai nit éichter do, wou haut d'Annexe ass an nit an der Mayrisch Strooss?
maps.app.goo.gl/8jiUmQ2MGRT82ajV7
Dat gouf dem Geoportail no tëscht 63 an 77 ofgerappt.
Als en Trakt vun der Schoul géif den Office Sënn machen.
A+
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 5 months ago - 1 year 4 months ago #904 by admin
Our office in Esch/Alzette,  5.1920
M.L.

Wiem säi Bureau war am Mee 1920 zu Esch/Uelzecht an der Emile Mayrischstrooss, riets vum Jongelycée ?

Em wéi ee Bureau "Office" handelt et sëch hei?
Waren zu där Zäit nach amerikanesch Zaldoten zu Esch? oder wéi ee Bureau war dat?


Postkaart op englesch vum M.L. un de Jos. Birckel, Reckingen/Mersch

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau! Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login