Welcome, Guest
Username: Password: Secret Key Remember me
  • Page:
  • 1

TOPIC: Projet '1867'

Projet '1867' 4 years 9 months ago #124

  • cyberpiper
  • cyberpiper's Avatar Topic Author
  • Offline
  • Posts: 7


hei ass nach e Resultat waat ze confirméieren ass:

Sehr geehrten Publitum und allen
Bürgern der Stadt sowie der Unterstädte Luxemburg mache ich hiermit die Anzeige, datz ich das
Schenk Lokal der Herrn P. Kirsch im Pfaffenthal
übernommen habe und das Gefchaft mit dem 1.
Ianuar 1867 beginnen werde. Ich werde mich durch
vortrefliche Getränkee, siute und prompte Bedienung
das Zutrauen aller respektablen Gäste zu gewinnen
suchen.
Achtungsvoll zeichnet
Susanne KREMER, Frau Ecker

iwerholl am September 1867 vum B.Ecker Schwoër vum Susanne

An der Volszählung vun 1871:
Eichthor Strasse 20. Wittfrau Susanne Kremer ( Ecker ) ( Ech huelen un dass 1867 hire Mann nach deliëft huet si kruuten och 1869 nach e Kand)

Vun der Strucktur hiir kinnt de Bistrot op 20. rue Laurent Menager gewiëscht sinn. Wees een do ëppes. Et schénkt hei wor e wichtege Bistrot, Cabaret, wou an där Zäit och z.b. Verteigerungen stattfonnt hun.
Attachments:

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Last edit: by cyberpiper.

Projet '1867' 4 years 9 months ago #123

  • cyberpiper
  • cyberpiper's Avatar Topic Author
  • Offline
  • Posts: 7
Ech froë mech op ee vun iëch aal Handschrëfte gudd liësen? Fir de momment ass meng Eenzeg Source fir d'Beruffer an d'Geschäfter vun den Awunner aus dem Pafendall erauszefannen de'Volkszählung vun 1871. Do as ëmmer d'Adress, Numm Virnumm an alles an de Beruf agedroën. De Famiien Numm kréien ech baal ëmmer geliës, de Virnumm net ëmmer, mee de Beruff do hun ech meng problemer deen ze entzifferen, et ass mer a ganz wéinege Fäll gelongen, Ech hun zb och de Lorenz (Laurent) Menager op nr 18 Eichtor strasse erëmfonnt. (wat jo scho gewosst wor) Op Nr. 9 J.P. Theato dee Metzeler wor, op 14. e Fasbender …Essigfabrikant, op Nr.6 Nikolas Breithof… Schriftsetzer. OP Nr 11 Georges Kiewitsch négociant cloutier. Op Nr. 16 wor de Martin Blum vun deem ech op enger aanerer Plaatz gelies hun des en Wirt oder cabaretier wor. Mee bei deene meeschten kréien ech de Beruff net geliës. Dack steet do 'Ohne Stand' .


Et ass den link : familysearch.org/pal:/MM9.3.1/TH-1951-32...:346518901,346518902

den dossier ass: Luxembourg, Census Records, 1843-1900Luxembourg (Pfaffenthal)1871 (n 71.1)
am momment sinn ech an der Eichtor Strasse, et schénkt dass do di meeschte Geschäfter a Cafée wàll daat jo de Wee fir an d'Staat wor. daat geet bei Säit 178 un. All d'awunner sinn intressant, mee an deser éischter rescherche geet et mir an éischter Linn ëmm di Kléng Betrieber, Wirtschaften a Geschäfter.

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Last edit: by cyberpiper.

Projet '1867' 4 years 9 months ago #121

  • cyberpiper
  • cyberpiper's Avatar Topic Author
  • Offline
  • Posts: 7
Hei ass d'Lëscht vun de Strossen wou ech d'Geschäfter an di kléng Betrieber sichen:

Eichtor Strasse, rue D'Eich (haut rue Laurent Menager )
Siechengasse , rue des Bons Malades
Vauban Strasse , rue Vauban
Brücken Strasse, rue du Pont
Plaetis Strasse , rue Plaetis (haut Muerbels oder rue Morfels)

Lougass, rue des Tanneurs
rue des Brasseries
rue du Moulin

(verbässerunge von der Lëscht sin och wëlkomm

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Projet '1867' 4 years 9 months ago #120

  • cyberpiper
  • cyberpiper's Avatar Topic Author
  • Offline
  • Posts: 7
Ech hun e vergläich gemaach tescht enger Lëscht vun 1824(kruut ech vum Jender Stammet) , an 'giele säiten' vun 1907 déi ech vum Jean-Marie Ottelé kruut. Et brengt awer mengen ech net ganz vill. Daat engt ass 40 joer ze fréi , daat aanert 40 Joer ze spéid, et gett eis kéng wiirklech info wat 1867 wor. Eng Lëscht vun dorëmmer wir Gold wert!

File Attachment:

File Name: ComMet1867...eich.pdf
File Size:29 KB
Attachments:

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Projet '1867' 4 years 9 months ago #119

  • cyberpiper
  • cyberpiper's Avatar Topic Author
  • Offline
  • Posts: 7
Am Momment ganz dréngent gesicht: D 'Giël Säiten' vum Paafendall 1867. Mir brauchen dréngend all info iwert Geschäfter an d'Betrieber a Paafendall 1867 (oder dorëmmer) och Fotoë wann et der ginn. (wee-waat-wou)

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Last edit: by admin.

Projet '1867' 4 years 9 months ago #118

  • cyberpiper
  • cyberpiper's Avatar Topic Author
  • Offline
  • Posts: 7


Hei e Résumé vun eisem Projet '1867' Mir si frou iwert all info an hëllef zu dem Thema, am Momment brauche mer virun allem Info iwert de Paafendall.
Den Dossier vum Projet kann hei eroofgeluede ginn:

www.dropbox.com/s/1kb95bhqj507dto/1867.pdf?dl=0

Avis aux amateurs

Lëtzebuerg, eng Plaz ... an der Zäit

« ... Als Historiker wësse mer ganz gutt, datt eng Stad weder iwwer Nuecht, nach an engem Joer entsteet, mee d’Resultat ass vun engem laange Prozess wou spontan Initiativen a gewollte politesch Choix’en zesummewierken ...» (Michel Pauly 2014)

Männer a Fraen sinn d’Zeie vun deem Prozess an hunn deelgeholl un der Entstehung vun enger Stad ... engem Land. Dat wore Baueren, Politiker, Handwierker, Museker, Schrëftsteller ... Hir Ierfschaft lieft nach bis haut. «D’1867-Geschicht» wëll deenen hir Geschicht novollzéien, versicht net nëmme berühmt Leit ze begéine, mee och de klénge Mann, deen duerch seng Aarbecht versicht huet sech iwwer Waasser ze halen.
Lëtzebuerg lued ons an a seng kontrastéiert a koppeg Topographie, fir ee Wee ze fannen fir seng Geheimnisser a Schätz opzedecken. Geschichten, Legende, Soen, Architektur, Kasematten, erop ... erof, Stroosse, Brécken ... stellen e faszinanten Dekor duer.
Lëtzebuerg huet ons nach eng Geschicht ze verzielen. Sou ass et, datt duerch déi Leit, déi fréier gelieft hunn, an déi déi haut liewen, mat hire verschiddene Meenungen an hirem verschiddene Wëssen, ee sech ka erfreeën un sengem Charme, seng Rätsel opdecken, seng Mëssgeschécker an Onglécker bedaueren ...
Sou invitéiert «1867» all Awunner, Kënschtler, 3d Builder, Grafiker, Educateuren, Animateuren, sozial engagéiert Leit, Kréimer, Schneider an all déi déi Lëtzebuerg gären hunn, deelzehuelen um Schafe vun engem neien Abenteuer an enger virtueller Wierklechkeet an iwwer verschidde Medieplattformen.

en Datum ...

Am Fréijoer 1867, wéi Lëtzebuerg eng komplex Festungsstad wor, d’Resultat vun enger joerhonnertelaanger Konstruktioun, wor d’Festung Lëtzebuerg duerch eng preisesch Garnisoun besat. D’Groussherzogtum ass en ‘autonome’ Staat a Member vum Zollveräin, eng Zollunioun déi vu Preussen geschaf gouf. De Versuch vum Napoleon III fir vum hollännesche Kinnek Wëllem III Lëtzebuerg ofzekafe, mécht béiss Blutt bei de Leit an et kënnt zu Onrouen an der Stad an am Land. Déi grouss Natioune mobiliséieren hir Spiounen an hir Truppen. De Bismarck intervenéiert ...

en éischte Quartier ...

«... De Quartier Pafendall-Sichenhaff huet vill Changementer a beweegt Momenter matgemaach. Déi Wichtegst woren: d’Benediktiner vum Plateau Aalmënster, déi de gudde Buedem vum Dall benotzt hu fir hir Gäert, Wisen a Wäigäert unzeleeën, d’Konzentratioun vun den Aussätzegen annerhallef vum Quartier no Norden wor eng laang an däischter Zäit, den Handel mat e sëllechen Handwierker a Butteker, d’Präsenz vum Militär während de Friemherrschaften (wou d’Zaldoten bis Enn vum 17. Jhdt. doheem bei den Awunner gewunnt hunn), d’Aarbechten un de Festungswierker während Joerhonnerten, wou d’Aarbechter aus ganz Europa heihi gezu sinn, d’Doléiner déi versicht hunn z’iwwerliewen, kleng Geschäfter, d’Kiermesleit an anert Wandervollek, Kënschtler, déi sech niddergelooss hunn an sech inspiréiert hunn um Charme vum Quartier, kleng industriell Betriber an Handwierksbetriber, déi leider virun der grousser Industrialiséierung hu misse kapituléieren ...» (Jean-André Stammet Okt. 2011)




Ons Geschicht fänkt also am Dällchen un, e liewege Sammelsurium vun Handwierker, Kulturen a Sproochen.
Déi éischt Phase vum Projet, de «Virtuelle Fort Thüngen» (Kierchbierg) besteet säit Enn 2012. Am Festungsmusée kann een oppe Stagen a Stage fir Schoulklassen matmaachen (mat der Collaboratioun vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht).




Vu Mee 2015 bis Januar 2016, wäert de Projet «Virtuelle Pafendall» am Kader vun enger Ausstellung iwwert de Pafendall-Sichenhaff am Geschichtsmusée vun der Stad Lëtzebuerg jidderengem zougänglech sinn. D’Logiciellen déi dofir gebraucht goufe sinn ‘Oculus Rift’ an ‘Cyberyth’.
(iwersätzung vum Jender Stammet)
Attachments:

Please Log in or Create an account to join the conversation.

Last edit: by cyberpiper.
  • Page:
  • 1
Time to create page: 0.433 seconds
Go to top