Zweck vun dësen Weidekierf?

More
8 years 10 months ago - 8 years 10 months ago #274 by admin
Replied by admin on topic Zweck vun dësen Weidekierf?
Hei ee Bild vun engem Schweizer Armee Bastkorb Laternenkorb:


Weidenkorb mit 4 Sturmlaternen, an an der Mëtt Platz fir Petrolsbidonën (anscheinend och vun der schwaizer Arméi)





Do ass de mëttelsen Deel och nët ënnerdeelt...

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
8 years 10 months ago - 8 years 10 months ago #273 by jmo
Zweck vun dësen Weidekierf? was created by jmo
Wat war den Zweck vun dësen Weidekierf?


l: 34 x b: 24 x h: 34,5 cm

Weidenkorb zum Flaschentransport ? - Caisse en osier pour le transport de bouteilles?

Dës Kierf kommen aus engem Haus an der Plaetisgaass am Gronn.. Do war jo och d' Händschefabrik wou am WW II anscheinend Gasmasken fabrizéiert goufen.. Ech froë mëch ob do kën Zesummenhang ka bestoën...

War ët eventuell ee Cageot fir Béierfläschen ze transportéieren aus der Funck - Bricher Brauerei ?
Et passen jiddefalls 6 60-62cl - Fläschen dran:



D'Kierw hun baussen 2 Ennerdeelungen. De mëttelsen Deel ass nët ënnerdeelt.. Dat heescht a mengen Aen dat baussen eppes anneres ewéi an der Mëtt transportéiert gouf.
Dëst schwätzt géint ee Six pack fir Fläschen...

Wien huet déi Kierf fabrizéiert? wou?


Villmols merci am viraus fir all Info!

info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login