De Bunker bei der Bréck zu Dummeldeng - Beggen

More
4 days 2 hours ago - 2 days 22 hours ago #1141 by admin
     
De Bunker bei der Bréck zu Dummeldeng - Beggen, direkt nierwend dem Vëloswee  (Photos: 25.2.2026 industrie.lu)

  • Wéini get dee Bunker aus dem 2. Weltkrich endlech renovéiert an als Mahnmal en Valeur gesat? An der haiteger Zäit wier esou ee Mahnmal vläicht net vu Muttwëll.
  • Ginn et nach aner iwwerierdesch Bunkeren (Hochbunkeren) aus dem 2. Weltkrich zu Lëtzebuerg?
  • Wat geschitt mat deem Bunker, elo wou d‘Bréck dëst Joer (2026) ofgerappt, an duerch eng nei, méi breet,  Bréck ersat gëtt?
  • Wou goufen et nach aner esou Bunkeren  un Eisebunnsstrecken zu Lëtzebuerg?  Luxembourg-Nord, Déifferdeng...

Villmools Merci am Viraus fir all Info!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login