Wat ass hei ze gesinn? Wou kinnt dëst sinn? Wéini?

More
11 hours 11 minutes ago #1208 by Minettsdapp
Hei ass eng Foto vun  Photo-Optik Vic. Weyler, Esch-Alz., déi ech elo grad hei gesinn hunn:

Well se vun engem Escher Fotograf gemaach gouf, huelen ech un, dat se zu Esch oder Ëmgéigend gemaach gouf.

Wat ass hei ze gesinn? eng gréisser Heizungsinstallatioun oder wat?
Wou kinnt dëst sinn? Wéini?
Wien ass op dëser Foto?

Villmools Merci fir all Iddi!

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

industrie.lu - Updates

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

Säit vun der Woch

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding