Fotoen vun der Libération - 9.9.1944

More
21 hours 53 minutes ago - 21 hours 21 minutes ago #1219 by jmo
Ech hunn folgend Fotoen an enger Këscht mat Dokumenter a Fotoen vu Péiteng fonnt. Hannen op dëse Fotoe steet: "Le jour de la Libération - 9.9.1944":
 
Ass dëst op der Bomicht an der Géigend vun 66-68 rue de la Reconnaissance Nationale gewiecht? Den däitsche Camion schingt um Tramsgleis, dat hei nierwend der Strooss ass, ze leien.

Ginn et aner Fotoen vun deem Camion op där Plaz?

Et war och nach dës Foto derbäi, wou ech net wees wou dat war:
 
Verbranntes Haus - 9.9.1944

   
Le jour de la Libération (à  Pétange ?) - avion américain Piper L-4 Grasshopper N° 25 - 9.9.1944
wou genee? wou kinnt dëst sinn? 

All Hëllef ass wëllkomm!

Villmools Merci am Viraus! 

E schéinen Owend,

Jean-Marie - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

industrie.lu - Updates

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

Säit vun der Woch

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

Dir kënnt dat och ganz einfach iwwer Wero maachen:
All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding