Haut-parleurs HIFI International Lautsprecher - Bascharage

More
9 years 5 months ago #230 by Frank Dumont
wou den Atelier wor wees ech net. Biller vun ESS-Boxen get et z.B. hei:

www.google.com/search?q=ess+speakers&saf...gC&biw=1530&bih=1145

d'Firma ESS get et och emmer nach:

esslabsusa.com/

en.wikipedia.org/wiki/ESS_speakers

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 5 months ago #229 by jmo
Villmols merci fir déi Informatiounen!

Weest Dir wou den Atelier zu Bascharage war?
Ginn ët Biller/Fotoën vun dene Boxen?

E schéine Bonjour,

jmo - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 5 months ago - 9 years 5 months ago #228 by Frank Dumont
Dat stëmmt net ganz. De Michel Shen (Patron vum Citi-Hifi op der Place d'Armes) hat eng Firma Eurotex déi an de 70er Joren zu Bascharage Boxen vun der amerikanescher Marque ESS lackéiert an assembléiert hun. D'Këschten sinn an der Belge vun irgendengem Schreiner dén ëner Vertrag geschafft huet, gebaut an geliwert gin. D'Komponenten sin direkt aus America komm an den Quality control ass op der Plaaz vun engem Americaner vun ESS gemach gin. Den Atelier zu Bascharage (Fabrik ass e grousst Wuert) ass iergendwann oofgebrannt. Mam Hifi International haat daat näischt ze din.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
10 years 5 days ago #191 by Steve
Ech hat eng Kéier héieren, dat HIFI International an der Zait Lautsprecherën zu Käerjeng gebaut hät.

Stëmmt dat?

Wat jo, vu wéini bis wéini war dat?

Huet nach een esou Lautsprëcherën, oder opmannst Fotoën dovun?
Wou genee war déi Fabrik?

Villmols merci am Viraus!

E schéine Bonjour,

Steve

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login