Wéi eng Millen ass dëst? Geléist

More
9 years 7 months ago - 9 years 6 months ago #225 by jmo
Replied by jmo on topic Wéi eng Millen ass dëst? Geléist
E ganz schéint Bild!

Ech hun e bëschen nogesicht:

Dat ass d'Brichermillen tëscht Syren a Moutfort:

Hei de Link op d' Brichermillen um industrie.lu

Wien ass de Moler ASteffen? Am Ufank hat ech geduercht ët wier RSteffen, fir Roger Steffen, mais de Roger Steffen huet mat STEFFEN signéiert.

bis geschwënn,

jmo - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 years 7 months ago - 9 years 7 months ago #224 by admin
Dir Damen, Dir Hären,

ech hunn e Bild a weess eigentlech guer näischt driwwer.


Dofir wollt ech probéieren, erauszefanne wou et kéint gemolt sinn.
Et ass mat ASTEFFEN 1968 signéiert.

Merci fir all Hëllef déi ech ka kréien

mat beschtem Grouss

J. Theisen

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login