Wéi ee Gebai ass dëst zu Veianen? Geléist!

More
8 years 3 months ago #300 by admin
Hei ass d'Äntwert vum Ralph Wilmes: Dat war an der Zéit d’Giewerei Goldschmit. D’Famille war Goldschmit-Bock. Duerfir ass déi Famill och ënnert dem Hausnumm „BOCK“ bekannt..

Villmools merci!

Hei si weider Infos: tannerieGoldschmitVianden.html

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
8 years 3 months ago - 8 years 3 months ago #299 by jmo



Wéi ee Gebai ass dëst (am roude Rondel) zu Veianen? Viir ass d' Tannerie Ardennaise ze gesin (Carte postale: Maison de gros P. Houstraas, Luxembourg - No 12; collection: jmo)

War dat och eng Gierwerei??

Hei ass eng anner Foto wou een d'Gebai vun der Gare aus gesait:


1: Kamain vun der Tannerie Ardennaise
2: Gare vu Veianen
3: Lokschapp (steet haut nach)

Villmools merci am Viraus fir all Info!

Bescht Gréiss!

Jean-Marie Ottelé - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login