Datéierung vun de Logoën vu U.J. / CERABATI - Plättercher vu Waasserbëlleg

More
6 years 2 months ago - 6 years 2 months ago #396 by jmo
Mir versichen eng Lëscht opzestellen vu wéini bis wéini ee bestëmmte Logo op der Récksäit vun den U&J / CERABATI / Céramiques de Wasserbillig - Plättercher vu Waasserbëlleg (1873 - 1990) benotzt gouf:




Oft leien nach Reschter vu esou Plättercher an engem Eck am Keller oder um Späicher.

Wann nach gewosst ass wéini eng Plättchen mat engem bestëmmte Logo op der Récksäit geluecht gouf, géing dës Informatioun eis weiderhëllefen.

Och all weider Logo-Varianten op der Récksäit vun enger Waasserbëlleger Plättchen interesséieren eis!

Dës Lëscht soll et da spéider e.a. erméiglechen den ongeféieren Alter vun enger Plättchen z.B. bei enger Renovatioun ze bestëmmen.

Weider Infos op: industrie.lu/cerabatiWasserbillig.html

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

info@industrie.lu - Tél: 621 247 909

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login