Installatiounen vun Arcelor-Mittal zou Diddeleng

  • Username
More
5 years 8 months ago #484 by Username
Ech war zwar éiweg net méi an deem Eck, mä ech géif mengen, dass dat den Tunnel vu Wuelmereng eriwwer an d'Frankelach war.
Viru en e puer Joer hu se d'Agäng vun all de Galerien erëm opgemaach fir d'Flantermais.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
5 years 8 months ago - 5 years 8 months ago #477 by Jean-Claude
zou Diddeleng am Frankelach-Laangebierg sinn virun kuerzem Aarbechten
vun der Arcelor-Mittal gemaacht ginn
opp drai Plaazen sinn deck Ventillationsreier installeiert ginn
viirdrun wuaaren dei plaazen zougeschott, mengen ech emool
Ween wees äppes iwwert dei Aarbechten ? Waaren daat Entréen vun
Minièren ?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login