Café op der Rhum

More
1 week 3 days ago #1180 by jmo
Replied by jmo on topic Café op der Rhum
Gudde Moien,Villmools Merci fir all déi Hëllef!

Ech géif scho mengen, dat effektiv op der Fassade "Café Estaminet" steet, mais et goufe méi Caféen déi sech deemols "Café Estaminet" bezeechent hunn, esou ewéi haut z.B. "Café - Restaurant".

Dëse Café ass schon klor op der Rhum , do wou elo dee klenge Parking ass.
Vläicht fanne mer nach weider, besser Fotoen dovun.

Alles Gutts,

Jean-Marie - info@industrie.lu
 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 week 4 days ago #1179 by hedom
Replied by hedom on topic Café op der Rhum
Kéint et dat heite sin? Café Estaminet-Maison Dell-rue Thionville. Dat war am Gronn an net ze verwiesselen mat der heiteger route de Thionville. Wees een wou genau d‘Maison Dell war? 
The following user(s) said Thank You: admin, jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 week 6 days ago #1178 by hedom
Replied by hedom on topic Café op der Rhum
...oder ESTAMINET
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 week 6 days ago #1177 by Jerry
Replied by Jerry on topic Café op der Rhum
Kinnt do net "Staminet" op der Fassade hannert "Café" stoen?
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 weeks 6 days ago - 2 weeks 6 days ago #1171 by jmo
Café op der Rhum was created by jmo
Gudde Mëtten,

Mir sichen weider Informatioun iwwert dëse Café op der Rhum:

 
Café, op der Rhum - Plateau du Rham ( Photo : Kunstanstalt Lautz & Balzar, Darmstadt; Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.)


- wat steet op der Fassade? Café de l'Amitié?
- ginn et weider Fotoen vun deem Gebai?
- vu wéini ass dës Foto ongeféier?
- war dëst ~1873  de Café Helling Mathias, Rham?
- wéini ass das Haus wechgerappt ginn?

Dee Café misst do gestanen hunn wou elo déi Autoe op folgender Vue stinn:  www.google.com/maps/@49.6102041,6.138749...IKXMDSoASAFQAw%3D%3D

Op folgender Säit sammele mer all Informatiounen iwwert dee Café:  www.industrie.lu/CafeRhamLuxembourg.html

Villmools Merci am Viraus fir all Info!

Alles Gutts,

Jean-Marie - info@industrie.lu

 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding