Café Rippweiler-Barrière - Foto gesicht

More
1 week 4 days ago #1169 by clauhe
Replied by clauhe on topic Café Rippweiler-Barrière - Foto gesicht
Am Joer 1900, Volkszählung Gemeng Useldeng, Uertschaft Rippweiler liese mer:
- Rippweiler-Barrière,      Geisen Mathias  * 7.6.1842 Diekirch, Wirt, °° Meier Thérèse * 4.6.1854 Saeul
- Rippweiler Großstraße, Mitsch Bernard  * 4.10.1874 Rippweiler, Schmiede-Meister
Zu Rippweiler ass am Joer 1900 just 1 Café, (Rippweiler-Barrière, Geisen-Meier)  agedroen.
bG
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 weeks 2 days ago #1166 by Eisleker
Replied by Eisleker on topic Café Rippweiler-Barrière - Foto gesicht
Op der Rippweiler-Barrière si fréier vill Accidenter passéiert (iert de Rond-point gebaut gouf). Do kinnt et jo mol Fotoen mam Café, oder engem Deel dovun, ginn.
The following user(s) said Thank You: admin

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
2 weeks 4 days ago - 2 weeks 4 days ago #1165 by admin
Replied by admin on topic Café Rippweiler-Barrière - Foto gesicht
Hei e puer Infos / Fotoen déi biselo erakoumen:


Laut där Kart giff ee mengen dee Café hätt op dem Eck mam Véiereck gestane, dat ass jo a Richtung Useldeng... ganz sëcher ass dat awer nach net


 
Op dëser Foto vum Albert Waltzing ass den Hiwel bei dësem Eck  - Richtung Sëll (hannert dem Käfer) méi héich, do ka jo keng Entrée gewiescht sinn... also misst d'Entrée vum Café a Riichtung Useldeng gewiescht sinn.

Laut engem Relevé gouf et 1907    3 Caféen zu Rippweiler : Just beim Café Hommel  wësse mer z.Z. wou ee genee stung an nach steet.

Also kinnt jo de Café Geisen oder de  Café Mitsch  1907  op der  Rippweiler-Barrière  gestanen hunn.




Hei eng Foto vum  Café Mitsch, Rippweiler  (Collection: Albert Waltzing)

Affaire à suivre!

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau!

Alles Gutts, info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
3 weeks 18 hours ago #1164 by jmo
Gudde Moien,

mir sichen eng Foto vum Café Rippweiler-Barrière, deen 1952 ewechgerappt gouf. Hei ass dat wat mir biselo hunn:  www.industrie.lu/CafeRippweiler-Barriere.html

Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Alles Gutts,

Jean-Marie - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding