Druckerei Houyoux Esch-Alzette

More
1 hour 7 minutes ago #1167 by clauhe
Druckerei Houyoux Esch-Alzette was created by clauhe
Zu Esch-Uelzecht gouw et an der heiteger rue Jean-Pierre Bausch d'Drëckerei Ch. Houyoux, och nach bekannt enner dem Numm "Imprimerie de la Frontière".
Am Joer 1953 ass des an rue d'Audun geplennert. Hei fanne mer folgend Ardessen  1953  - Nr.48 ?!  /  1967 Nr. 8  /  1980 Nr. 9
Wees een eppes méi iwwer des Drëckerei. Stemmen dess Adressen 48 ?,  9 ?. Ass dei esou oft geplennert ? Ginn et Fotoen vun desser Drëckerei hei an der rue d'Audun ?
Merci vir all Infoen.

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding