War dëst de fréiere Café Raas / Café Schumann zu Riedgen - Roedgen? Geléist!

More
4 months 5 days ago #1061 by cfelten
Jo, mee du hues een Fehler bei den Leit gemach: "27.4.1957: Reprise du Café Raas, Roedgen par Jos. Schumann - Berthe Kré" dat ass net Berthe, déi get et och, mee sie ass mam Schumann Nicolas vun Reckeng bestued. Mam Schumann Jos vun Riedgen war Anna Kré bestued, dofir huet den Café jo och beim Anna geheescht. 
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
4 months 6 days ago #1059 by Marc
Gudden Moien

jo dëst as den fréiheren Café Raas .
ech mengen nët dat et epes mat Jomé ze din haat!
muss do en bessen no sichen op ech epes fannen.

m.b.G
Marc
The following user(s) said Thank You: jmo

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
4 months 2 weeks ago - 4 months 6 days ago #1052 by jmo
Gudde Moien,

war dëst de fréiere Café Raas / Café Schumann zu Riedgen ?

 
Roedgen, 20 rue de Luxembourg (Photo: 18.9.2022 jmo) 
War dëst fréier ee Geschäft, e Café?


Hei si mol e puer fréier Caféen vu Riedgen:

<=1908: Wirtschaft Jomé, Rödgen

<=1931: Café Raas, Roedgen (war dëst den Nofolger vum Café Jomé?)
<=1953: Café Raas J.P., Roedgen
27.4.1957: Reprise du Café Raas, Roedgen par Jos. Schumann - Berthe Kré

24.6.1966: Wohnhaus- und Garten-Versteigerung zu RECKINGEN/MESS, im Café Wester Am Freitag, dem 24. Juni 1966, um 15 Uhr, läßt der Eigentümer versteigern:
1. Ein WOHNHAUS mit Stall, Platz und Garten, gelegen im Dorf Roedgen (früher Café Raas), zwischen Jomé und Greten, groß 3,80 Ar.
Das Haus enthält im Erdgeschoß: früheres Wirtschaftslokal und Küche;
auf dem Stockwerk: 4 Zimmer.  
Keller, Elektrizität und Wasserleitung.
Eignet sich bestens zur Betreibung einer Epicerie, da keine vorhanden ist.
Autobusverbindung mit Luxemburg und dem Minettebassin zu den Arbeitsschichten.  

24.6.1966: Reckingen/Mess. Besitzwechsel. Die für heute Freitag, den 24. Juni 1966 im hiesigen Café Wester anberaumte Versteigerung eines Wohnhauses mit Stall, Platz und Garten, gelegen im Dorf Roedgen (früher Café Raas), groß 3,80 ar, sowie eines Gartens mit ca 16 m Straßenfront und 2,10 ar Größe, findet nicht statt, da die genannten Realitäten bereits vorher aus freier Hand den Besitzer wechselten. Kaufpreis unbekannt. (LW: 25.6.1966)


2.4.1966: ERÖFFNUNGSFEIER IN ROEDGEN - Am vergangenen Samstag gab es in Roedgen eine gut gelungene Feier, dies aus Anlaß der Eröffnung des in einen Neubau verlegten Cafés J. Schumann-Kré. Herr Schumann konnte seinen Gästen ein modernes Schanklokal vorführen, das sicherlich wegen seiner Konzeption, seiner modernen Aufmachung und seiner durchdachten Einteilung unbedingt der Ortschaft Roedgen und darüber hinaus der ganzen Umgegend zur Zierde gereicht. (LW: 6.4.1966)
<=1973, 1980: Café Schumann-Kré, Roedgen, 36 r. de Luxembourg
<=1973: Café Schumann (Beim Anna), Roedgen
4.3.1978: Réouverture du Café Beim Anna, ROEDGEN


Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau,

Alles Gutts, jm    -    info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login