Österreichische Staatliche Pulverfabrik in Siechenhof / Luxemburg - Geléist!

More
7 hours 53 minutes ago - 7 hours 45 minutes ago #1129 by jmo
hei ass d'Léisung vun der Mme Feis. Villmools Merci!

Et ka sech eiser Meenung no nëmmen ëm d'Polvermillen bei der Eecherpaart handelen déi 1728 gebaut ginn ass, d’Legend um Plang seet jo genuch: « le moulin à poudre sur l’alzet hors la porte d’Eich appartenant aux Domaines de Sa Majesté construit en 1728 pour ÿ reparer les poudres arrivées de ce tems d’Almangne … »

Fir weider Informatiounen iwwert d’Festungsbauten an der éisträichescher Zäit vun 1716-1741, kënnt Dir gären och eisen Ausstellungskatalog Sub umbra alarum consultéieren: www.a-z.lu/discovery/fulldisplay?docid=a...work&lang=fr&lang=fr

Léif Gréiss,Simone Feis
  

This browser does not support PDFs. Please download the PDF to view it: Download PDF



 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
9 hours 41 minutes ago #1127 by admin
  Den Aloyse Eydt vun der Neimillen schreiwt  an engem Notizblock vun 1874 vun engem Aarbechterhaus (situé dans le jardin en aval du pont de Siechenhof, à droite du chemin du jardin) wat säi Papp 1852/53 vergréissert huet an virdrun zum Domaine impérial autrichien gehéiert huet "les bâtiments en face étaient jadis fabrique de poudre de l'état autrichien ". (Info: 4.3.2026 Yves Kemp)

All weider Info iwwert dës Éisterräichesch Staatlech Polverfabrik ass wëllkomm!

Villmools Merci am Viraus fir all Informatioun! info@industrie.lu
 

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login