um Boulevard Royal, mais wou genee?

More
14 hours 53 minutes ago - 14 hours 40 minutes ago #1153 by UP3985
Replied by UP3985 on topic um Boulevard Royal, mais wou genee?
Ech géing soën lénks ass d'BGL a riets geet et (haut Tour Schoetter) an d'Notre Dame eran. Sou Enn 70er.
The following user(s) said Thank You: Robert, BB3608

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
19 hours 24 minutes ago - 14 hours 29 minutes ago #1152 by Robert
um Boulevard Royal, mais wou genee? was created by Robert
Ech interesseisere mech fir al Busser an hunn elo grad dës interessant Foto hei fonnt:

Dat misst jo um Boulevard Royal, mais wou ass dat genee?

D'Orientierung ass net einfach: Déi schéin al Gebaier/Villaen si bal all fort   an  déi "nei" Këschten, meeschtens ouni iergend eng Séil, gi well erëm ofgerappt, d'Speis ass mol nach net dréchen...

Villmools Merci fir all Hëllef!

E schéinen Dag, Robert

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu

 


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « Don à 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding