Autobus Lux 1357 oder 1857 zu Gréiwemaacher?

More
5 years 6 months ago - 5 years 6 months ago #526 by jega
Bonjour,

Et ass Plaque Lux 1357.

Am Autosnummerenbuch vun 1921 (Edition Worré-Mertens) an am Buch "Numéro d'ordres 1er mars 1930" steet ennert 1357 (an och 1358):
Gelhausen & Schwall, entrepr. d'autobus, Grevenmacher (Benz)

Des Plaque ass als eischt ca. Enn 1920 rausgi gin.

Mat beschten Gréiss,
Jérôme

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
5 years 6 months ago - 5 years 6 months ago #525 by admin
Mir siche weider Informatiounen iwwert folgenden Autobus :

Autobus Lux 1357 oder 1857 (Collection: Frantzen Serge)


Bandage caoutchouté Bergougnan


Publicité de la Société Luxembourgeoise de Crédit et de Dépôts, succ. de Werling, Lambert et Cie .
Agence Grevenmacher Tél N° 93
Banque - Change

Wiem gehéiert dee Bus?
Wéi eng Marque ass et?
Wien ass virum Bus?
Wéini gouf déi Foto ongeféier gemaach?
Wou gouf déi Foto gemaach ginn? Gréiwemaacher?

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau!

Alles Gudds! info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login