Wou ass dëst? 1919? Schmini - Football / Rugby - Geléist!

More
1 year 5 months ago - 1 year 5 months ago #902 by admin
Gudde Moien, Op delcampe.net  hun ech eng Postkaart vun Diekirch gesinn. Hei mengt een déi Fabrik op denger Foto ze erkennen.


Kann dat hei net zu Diekirch gewiescht sinn. Ass déi Fabrik mat dem oder deenen Kamäiner villächt d' Seeërei vun Diekirch .

Ass dat am Hannergrond den Häerebierg ?

 mbG,
Claude Hermes

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 6 months ago - 1 year 6 months ago #899 by Minettsdapp
De 27.2.1919 war um Terrain vum Racing Club de Luxembourg an der Stad ee Rugby-Match vun den Amerikaner (t: 28.2.1919). Den Terrain war duerno lang Zäit net méih bespillbar... Wou war deen Terrain?

Ech wees awer net ob um Bild iwwerhaapt ee Rugby-Gate "Goal" ze gesinn ass (lénks nierwend deem Mann ganz a wäiss mat Kap), well d'Querstang schingt zimlech héich ze sinn... (méih ewéi 3 x d'Héicht vun där Persoun, déi do steet). Déi ass haut op 3 m. Oder ass et d'Fangnetz vum Terrain?

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

More
1 year 6 months ago - 1 year 6 months ago #898 by admin
Wou ass dëst? 1919? Schmini fir wéi enger Fabrik? - Football / Rugby

Diddeleng?

(Photo collection: Serge Kugener)

Villmools Merci am Viraus fir all Tuyau! info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login