Santos Kaffisdousen

More
8 years 8 months ago - 8 years 8 months ago #280 by admin
Santos Kaffisdousen was created by admin
Mir kréien méi oft d’Fro gestallt wéi vill verschidden Maison Santos - Kaffisdousen et eigentlech gët.



Fir dat erauszefannen, versiche mer Informatiounen, Reklammen a Fotoen vun esouvill Dousen ewéi méiglech ze kréien.

Dëst kann ee maachen:

- hei am industrie.lu – Forum
- op der industrie.lu – facebook-Säit
- oder per e-mail op info@industrie.lu oder Tél: 621 247 909


Hei ass de Link zu eiser Maison Santos - Säit um industrie.lu



Fotoen an Informatiounen iwwert aner lëtzebuerger Kaffisdousen / Kaffistuten interesséieren eis natierlech och. Duerfir hei de Link zu eiser Kaffiréischtereiën-Säit


Villmools Merci am Viraus fir all Hëllef!

Bis geschwënn,

Jean-Marie Ottelé

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Ënnerstëtzt industrie.lu


Fir eis ass all Geste eng grouss Hëllef!

Villmools Merci am Viraus fir all Ënnerstëtzung!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Map (test)

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login