"Eischt" Lëtzebuerger Fotografin Lily Kraus (1892 - 1954)

More
4 years 10 months ago - 4 years 10 months ago #572 by admin
Mir sichen Informatiounen, Fotoen. etc. iwwert déi "éischt" Lëtzebuerger Fotografin Marie Suzanne Elise dite Lily Kraus (1892 - 1954) .

D'Lily Kraus ass an der Stad gebuer, als d'Duechter vum Mathias Kraus a Suzanne Beck. Hire Brudder Remy Kraus war 5 Joer méi jonk a war 1954 Geschäftsmann zu Leideleng.


(Photo collection: Thalensia Archiv, Pafendall)

D'Lily Kraus war vu Beruff Fotografin an huet 21 avenue Monterey gewunnt; an ass de 5.5.1954 am Haus 36 rue Zithe gestuerwen.

Villmools Merci am Viraus!

Alles Gutts - info@industrie.lu

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login