Den neien industrie.lu 2025

More
6 months 3 weeks ago - 6 months 1 week ago #1017 by admin
Den neien industrie.lu 2025 was created by admin
Den industrie.lu gouf déi läscht Wochen informatesch komplett iwwerschafft an een ass elo technesch um leschte Stand. All déi al Problemer misste gréisstendeels geléist sinn. Dëst erméiglecht eis  elo och weider Funktionalitéiten bäizesetzen.

Den industrie.lu-Login (Sign In) ass elo erëm aktivéiert:


Um Handy ass den Haaptmenü am "Hamburger"-Menü ze fannen:



 Verschidde Menüe goufe regruppéiert fir den industrie.lu – Site méi iwwersichtlech um Handy ze maachen. 


Den Upload vu Fotoen am industrie.lu-Forum funktionnéiert erëm:


Et kann een duerno och d'Fotoen an de Message intégréieren:


Dëst vereinfacht d'Posten an den  industrie.lu-Forum!


 Eis Link-Collectioun funktionnéiert och erëm (Rubrik: Documentation). Mir freeën eis och iwwert all weideren interessante Link den nach feelt.:

 Mellt Eis w.e.g. eventuell Feeler, Problemer oder soss Iddien  op   Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein.

Villmools Merci am Viraus

Please Anmelden or Create an account to join the conversation.

Support industrie.lu

Every gesture is a great help to us!

Many thanks in advance for all your support!

industrie.lu ënnerstëtzen a Steiere spueren

Zënter Enn 2025 ass et méiglech industrie.lu ze ënnerstëtzen a gläichzäiteg Steieren ze spueren.

Äre Don ass net nëmmen eng finanziell Hëllef: et ass e Geste vum Vertrauen, e Zeechen, datt dës Geschicht Iech och wichteg ass. Dank Iech kënne mir dës Schätz weider sécheren, presentéieren, deelen an dës lieweg Vergaangenheet un déi nächst Generatioune vermëttelen.

Wann den Don op de Kont IBAN LU24 0019 4655 0203 7000 vum «Fonds culturel national » (als bénéficiaire) bei der Spuerkeess (BCEELLL)  mat der Mentioun « 2025/164 Industrie.lu » iwwerwise gëtt, ënnerstëtzt Dir direkt industrie.lu a profitéiert gläichzäiteg vun engem steierleche Virdeel: Äre Bäitrag ass steierlech ofsetzbar an Dir kritt eng offiziell Attestatioun zougeschéckt.

All Ënnerstëtzung zielt  -  Villmools Merci am Viraus ! 

Ennerstëtzt #SaveThePast

industrie.lu - Eng Websäit als Nation Branding

 

industrie.lu-Login